D’Visioun vun engem Campus scolaire zu Biissen

Phase 1

  • A) Rehausse de l’école primaire

2020 ass d’Gemeng Biissen doriwwer informéiert ginn, datt den Daach vun hirer Grondschoul an engem schlechten Zoustand ass, an datt souwuel d’Charpente wéi och d’Couverture vum Daach erneiert musse ginn.

D’Käschte fir dës Reparaturaabechten waren awer leider enorm. D’Gemeng war dunn iwwerzeegt, vun der Noutwennegkeet den Daach ze erneieren ze profitéieren, fir e méi effikasse Projet ze entwéckelen. Dëse Projet soll et erlaben, d’Grondschoul auszebauen, ouni d’Reservë vum kommunalen Terrain ze verbrauchen.

Sou ass d’Iddi entstanen, d’Biisser Schoul ëm ee Stack ze erhéijen, fir esou déi Fläch ënnert dem Daach maximal auszenotzen a weider Klassesäll ze schafen. Dëst net fir d’Kapazitéit u Schüler ze erhéijen, mä fir déi Klassesäll, déi aktuell am Gebai vun der Maison Relais ënnerbruecht sinn, rauszehuelen a sou rëm méi Fläch fir si zur Verfügung ze hunn.

  • B) Mise en conformité

Scho ganz fréi goufen d’Pläng fir een éischten Avis un de Service national vun der Sécherheet am ëffentlechen Déngscht (SNSFP) geschéckt. Heibäi krut d’Gemeng d’Machbarkeet vum Projet bestätegt. Gläichzäiteg gouf si driwwer informéiert, datt de Schoulerhéijungsprojet den aktuellen Ufuerderunge gerecht muss ginn. D’SNSFP fuerdert dofir d’Mise en conformité vu sämtleche Stäck, also vum gesamte Gebai, an net just vun der Rehausse.

  • C) Nouvelle entrée (préau couvert et accès PMR

En drëtte Bestanddeel vum Projet gouf ab Juni vum leschte Joer entwéckelt, woubäi d’Visioun vun engem méi séchere Schoulwee fir d’Kanner entstanen ass. Den Zentrum vu Biissen an de Parking vun de Busse fir de Schoultransport sollen op kuerzem Wee mat der Grondschoul verbonne ginn, ouni dass d’Kanner iwwert d’Haaptstrooss lafe mussen.

Dës Reflexioun huet derzou gefouert, eng zousätzlech Entrée/Ausgank am Nordfligel vun der Schoul ze maachen. Esou entsteet een direkten Accès duerch d’Unterführung ënnert den Eisebunnsschinnen zu der Maison Relais un der Atert. Dëst erlaabt och eng sécher Circulatioun vun de Kanner bei d’Bussen, wat eng däitlech Opwäertung vun engem séchere Schoulwee ass.

  • D) Réaménagement cours

E véierte Volet betrëfft den Amenagement vum Schoulhaff, deen och den Ufuerderunge vum CGDIS gerecht muss ginn. Am Fall vun engem Feier muss dat komplett Gebai ofgedeckt kënne ginn. D’Trepplécken an d’Ramp, déi momentan am Haff sinn, musse verschwannen, fir den CGDIS Camionen den Accès ze erlaben.

An deem Kader soll dann de ganze Schoulhaff nei amenagéiert ginn, mat méi Gréngs a manner versigelte Flächen.

Documentations :

Descriptif du projet concept

 

Solutions provisoire pendant la période de l’agrandissement  près du parking en haut de la “Rue de la Gare”, à partir de la rentrée 2023/24!  Images de projets similaires :

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom