Maison Relais

Natur genéissen – d‘Maison Relais zu Biissen ësst a kacht regional, bio a fair.

 

Landwirtschaftlech genotzte Fläche sinn net nëmme Produktiounsstanduert fir Fudder a Liewensmëttel, mee och Liewensraim fir vill Déieren- a Planzenaarten. D‘Landwirtschaft huet
deemno och een direkten Afloss op d‘Erhale vun der Biodiversitéit. Et kann een also soen, dass Landwirtschaft an Naturschutz enk matenee verbonne sinn.
Den Naturschutzsyndikat SICONA huet aus dësem Grond 2016 de Projet Natur genéissen an d‘Liewe geruff, fir Bauerebetriber ze animéieren, sech am Naturschutz ze engagéieren. De Projet verbënnt landwirtschaftlech Betriber mat de Maison relaise vun de Gemengen, déi beim Projet matmaachen, a bitt hinnen een zousätzlechen Ofsazmaart. D‘Betriber bidde vill vun den an den ëffentleche Kantinne gefrote Liewensmëttel ewéi Rënd- a Schwéngefleesch, Gefligel, Mëllechproduiten, Eeër, Uebst a Geméis lokal un. Landwirtschaftlech Betriber, déi bei Natur genéissen matmaachen, musse speziell Kritären am Beräich vun der Nohaltegkeet a vum Naturschutz anhalen. Esou suerge si ënner anerem fir eng nohalteg Produktioun ënner Berécksichtegung vum Buedem-, Waasser- a Klimaschutz, verzichte komplett op genetesch verännert Fuddermëttel a verflichten sech zu enger déieregerechter Haltung
a Fidderung. Eng besonnesch Stäerkt vum Natur genéissen ass den Naturschutz. All Natur genéissen-Produzent stellt fënnef Prozent vu senger Produktiounsfläch fir naturno Flächen a Strukturelementer, wéi Hecken, Beem a Weieren, zur Verfügung. Domadder leescht de Betrib ee wichtege Bäitrag zum Erhalt vun der Biodiversitéit an zu enger nohalteger Entwécklung vun der Landschaft.

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom