Geschicht vu Biissen

"Bissen seit eh und je" heeschen de Band 1 an 2 vun der Geschicht vu Biissen.

  • De Band 1 behandelt d'Geschicht vun der Virzäit bis an d'19. Jorhonnert:

             Dokumentatioun iwwert d'Par, d'Kierchebauten, d'Weekräizer an déi eenzel Stackhaiser an hir Bewunner.

  • De Band 2 geet vun der franséischer Revolutioun bis an d'Joer 2000:

             Wichteg Theme sinn d'Schoulchronik, d'Entwécklung vun den Industrien (Neelfabrik, Millen, Giewerei, Goodyear)

             Biissen am 1. an am 2. Weltkrich (Zwangsrekrutéierung, Ëmsiedlung, Verhaftungen, Zerstéierung...), bekannte Perséinlechkeete vu Biissen... a villes méi.

 

D'Bicher goufe vum Lokalhistoriker Viktor Kalmes geschriwwen an an der Imprimerie Saint-Paul gedréckt. Et war 1997 op Initiativ vun der Kulturkommissioun am Gemengerot décidéiert ginn, d'Schrëfte vum Victor Kalmes zum Thema Biissen an enger iwwerschaffter a komplettéierter Form als Buch drécken ze loossen.

 

D'Bicher kënnen am Accueil op der Biisser Gemeng kaaft ginn.

Präis fir ee Band: 50 Euro, Präis fir déi zwee Bicher: 95 Euro.

macommune.lu
© Administration Communale de Bissen