Agent municipal & garde champêtre

ACTUALITÉS

– SPECIAL “SCHOULRENTRÉE” :  LE CHEMIN DE L’ÉCOLE EN TOUTE SÉCURITÉ – DÉPLIANT ! 

 

 

 

 

 

 

 

 

– Stationnement à disque de parking obligatoire :

2 Rte de Finsterthal, 7769 Bissen, près de la Boulangerie Jos & Jean-Marie.

 

– Pour une augmentation de la sécurité routière et une meilleure qualité de vie, surtout pour celle de nos enfants, la commune de Biissen a instauré une zone à 20 km/h dans  des rues “am Brill” et “rue Huelbach”.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Eis Servicer stinn Iech fir all  Är Froen a Kritiken zur Verfügung.

Myriam Weiten    Tel. +352 83 50 03 513  Email  Agent@bissen.lu

 


Myriam Weiten –  agent municipal/garde champêtre !

D’Myriam huet seng Aarbecht zu Biissen den 1. Juli 2021 ugefaangen.
Hatt ass geléiert Sekretärin a war ier hat hei an d’Gemeng komm ass bal véierzeng Joer agent municipal an der Stad Lëtzebuerg. De Kontakt mat de Leit dobaussen ass dat wat him u senger
Aarbecht am beschte gefält. Seng Aufgab gesäit d’Myriam doran opzepassen, dass d’Leit de Code de la Route anhalen. Oft verstoussen d’Leit ouni béiss Absicht oder souguer ouni et ze wësse géint dësen a bréngen onbewosst hir Matbierger a Gefor. Privat fiert hat gäre Moto, liest a geet an de Fitness. Bis den 14. Oktober 2021 : just preventif an informatif Hei zu Biissen klëmmt d’Bevëlkerungszuel zanter en etlech Joren. Dess Entwécklung ass wichteg a gréisstendeels positiv fir d’Gemeng, mee bréngt awer och e puer Defie mat sech déi  mer mussen iwwerwannen: e Mangel u Parkplaatzen, falscht a geféierlecht Stationéieren a Verkéiersverhaale virun allem ronderëm d’Schoul, zougestallten Trottoiren. Aus dëse Grënn huet d’Gemeng Biissen hier Responsabilitéit geholl, e Verkéiersservice gegrënnt an e Agent municipal / Bannhidder agestallt, deen den 1. Juli 2021 seng Aarbecht ugefaangen huet. D’Missioune vun dësem Agent si virun allem preventiv, mee leider wäerte vum 15. Oktober un awer och restriktiv Mesurë géint Leit geholl déi duerch hiert irresponsabelt a respektlos Verhalen d’Rou oder souguer d’Sécherheet vun hire Matbierger op d’Spill setzen.

Collaboratioun mat der Gemeng Colmer-Bierg
Fir eng Kontinuintéit vum Service ze garantéieren, hunn d’Gemengeréit vu Biissen a Colmer-Bierg eng convention de
collaboration ënnerschriwwen. Am Fall vu Krankheet, Congé a vu gréisseren ëffentleche Manifestatiounen oder och nach
wärend Nuechtsarbescht, bei där Renfort gebraucht gëtt, kann den Agent municipal seng Fonctiounen zu Biissen exerzéieren
an ëmgedréint. D’Agenten si klor un hirer Uniform ze erkennen a weisen Iech op Nofro eng Identifikatiounsmarque. Fir
d’Zesummenaarbecht ze vereinfachen, hunn d’Gemenge Biissen a Colmer-Bierg hier respektiv règlement général de police
harmoniséiert.

D’MISSIOUNEN VUM AGENT MUNICIPAL SI GANZ ËNNERSCHEEDLECH :

1. Sensibilisatioun am Verkéiersverhaale och ronderëm d’Schoul
Näischt ass esou wäertvoll wéi d’Gesondheet an d’Sécherheet vun eise Kanner. Vun der Rentrée scolaire u wäert den Agent
municipal ronderëm d’Schoul present sinn, fir all geféierlecht Stationement, Zoustelle vun Trottoiren a Verkéiersverhaalen dat,
oft souguer onabsichtlech, d’Wouelergehe vun eise Kanner op d’Spill setzt. An enger éischter Zäit wäert de Rôle vum Agent
exklusiv preventiv an informativ sinn. Op eng méi allgemeng Manéier ginn déi verschidden Usagë vunder Strooss a ganz Biissen op géigesäitege Respekt sensibiliséiert.

2. Sensibilisatioun fir de Parking
Wéinst der begrenzter Zuel u Parkplaatzen an der Gemeng wäert op mëttellaang Dauer déi autoriséiert Parkzaiten op verschiddene
Parkinge limitéiert ginn. Des Zäite wäerte ganz klor op bloe Panneaue markéiert ginn an d’Chauffeure mussen déi Auerzäit,
déi se ukomm sinn, mat engem bloen Disque uginn. Dir fannt des Parkingen och op www.bissen.lu/parking.
Et ass wichteg ze soen, dass d’Gemeng d’Recette vun den «avertissement taxés» wéinst Parkverstéiss net kritt, mee dass
dees Suen integral un de lëtzebuergesche Staat ginn.

3. Lutte géint Incivilitéiten
Déi verschidde Servicer vun der Gemeng sinn engagéiert, fir dass Biissen e proppert a charmant Duerf ass an dem e sech wëllkomm
fillt. D’Awunner droe mat ganzem Häerzen dobäi zou. Mais leider kënnt nach ëmmer zu all Zort vun Incivilitéiten (Drécksdépoten,
Kaméidi, etc). A senger Fonction als Bannhidder kann den Agent hei intervenéiere fir des désagréabelt Verhalen ze limitéieren.
D’Verhalensreegelen déi e respektéiere muss sinn dem garde champêtre seng Kompetenz a baséieren sech op der Gemeng
hiert allgemengt Policereglement.

 

BISSEN_FLYER_SECURITE_ROUTIERE_28_09_HD